Droit constitutionnel
Den Droit constitutionnel ass eng Branche vum Droit public, an där sech mat der Organisatioun vum Staat beschäftegt gëtt. Nieft der Form vum Staat, z. B. Republik oder Konstitutionell Monarchie, senger Relatioun zu senge Bierger (Grondrechter), gëtt sech virun allem mat der Muecht vum Staat ausenaner gesat (Gewaltentrennung).
Zu Lëtzebuerg ass d'Constitutioun d'Haaptquell vun dësem Droit.
A Frankräich gëtt et dee sougenannte bloc constitutionnel, deen aus enger Rei Texter a Prinzipie besteet deenen de Conseil Constitutionnel eng konstitutionell Valeur unerkennt.
Nieft der Constitutioun vun 1958, sinn dat follgend Texter op déi de Preambule verweist:
- Den Preambule vun der Constitutioun vun 1946.
- D'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789.
- D'Charta iwwer d'Ëmwelt.
- Eng Rei Wäerter a Prinzipien déi de Conseil Constitutionnel a senger Jurisprudenz definéiert.