8. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
Den 8. Oktober ass den 281. Dag vum Joer (282. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1856: Ufank vum Zweeten Opiumkrich tëscht Groussbritannien a Frankräich an dem Keeserräich China.
- 2005: Bei engem Äerdbiewen am Kaschmir, an der Grenzregioun tëscht Pakistan an Indien komme méi wéi 41.000 Mënschen ëm d'Liewen.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1783: De franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt d'Spiralgalaxien NGC 62 an NGC 99.
- 1784: Den däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt déi elliptesch Galaxie NGC 57.
- 1861: Den däitsch-däneschen Astronom Heinrich Ludwig d'Arrest entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 109.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1962, 4:2 géint Portugal. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Ady Schmit (3) an Nicky Hoffmann geschoss.[1]
- 1996: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 1:2 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[2]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:5 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Claude Reiter geschoss.[3]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:0 géint Wäissrussland.[4]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Sigourney Weaver
-
Ursula von der Leyen
-
Matt Damon
- 1604: Alexander Wiltheim, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
- 1672: Charles Bernard du Bost-Moulin, huet zu Lëtzebuerg d'Gromper agefouert.
- 1741: Jean-Louis Gilson, besser bekannt als Abraham Gilson, oder Brudder Abraham vun Orval, Moler.
- 1831: Jean Klensch, Buergermeeschter vu Mäerzeg.
- 1850: Alphonse Eichhorn, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1873: Ejnar Hertzsprung, däneschen Astronom.
- 1895: Juan Perón, argentinesche Militär a Politiker; Staatspresident.
- 1903: Alphonse Turpel, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Chefredakter vum Luxemburger Wort.
- 1910: Paulette Dubost, franséisch Schauspillerin.
- 1911: Charles Heirendt, lëtzebuergesche Laangstreckeleefer.
- 1912: Emile-Théodore Melchers, lëtzebuergeschen Offizéier, Militärhistoriker an Auteur.
- 1913: Robert Gilruth, US-amerikanesche Loft- a Raumfaartpionéier.
- 1915: Nicolas Hommel, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 1918: Ron Randell, australesche Schauspiller.
- 1925: Paul Van Hoeydonck, belsche Kënschtler.
- 1928: Helmut Qualtinger, éisträichesche Schauspiller, Kabarettist an Auteur.
- 1943: Norbert Leszczynski, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1946: Jean-Jacques Beineix, franséische Filmregisseur.
- 1947: Bob van Asperen, hollänneschen Cembalist, Organist an Dirigent.
- 1948: Gottfried Helnwein, éisträichesche Moler a Fotograf.
- 1948: Claude Jade, franséisch Schauspillerin.
- 1949: Sigourney Weaver, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1958: Ursula von der Leyen, däitsch Politikerin.
- 1959: Claude Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1959: Carlo Schmitz, lëtzebuergesche satireschen Zeechner a Graphiker.
- 1970: Matt Damon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1974: Joao Guedes, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1975: Philippe Felgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1977: Gabriel Boisanté, lëtzebuergesche Schauspiller, Politiker an Entreprener.
- 1985: Tom Schnell, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1993: Angus T. Jones, US-amerikanische Schauspiller.
- 1996: Bob Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballspiller,
- 1997: Cindy Schneider, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1869: Franklin Pierce, 14. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1893: Patrice de Mac-Mahon, franséische Generol, Maréchal de France a President.
- 1939: Victor Dondelinger, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1943: Gustave de Smet, belsche Moler.
- 1945: Felix Salten, Schwäizer Feuilletonist a Schrëftsteller.
- 1978: Paul Dornseiffer, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1980: Maria Holst, éisträichesch Schauspillerin.
- 1992: Willy Brandt, däitsche Bundeskanzler (Friddensnobelpräis 1971).
- 1999: Henri Koch-Kent, lëtzebuergeschen Historiker, Journalist a Publizist.
- 2001: Willy Dondelinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 2004: Jacques Derrida, franséische Philosoph.
- 2004: Irina Demick, franséisch / US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2010: John Huchra, US-amerikaneschen Astronom.
- 2016: Pierre Tchernia, franséische Tëleesanimateur, Dréibuchauteur a Regisseur.
- 2017: Nico Hienckes, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 2023: Burt Young, US-amerikanesche Schauspiller.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 8. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal vum 8. Oktober 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 8. Oktober 1996 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 8. Oktober 2005 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland den 8. Oktober 2010 op der Websäit vun European Football