Op den Inhalt sprangen

Aire de Capellen

Vu Wikipedia

Aire de Capellen ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A6, südwestlech vu Capellen an der Gemeng Mamer.

Capellen-Nord

[änneren | Quelltext änneren]

D'Raschtplaz Capellen-Nord ((fr) Aire de Capellen-Nord) läit um KP 16,00 tëscht der Opfaart Mamer (N° 2) an der Ausfaart Stengefort (N° 1) an der Richtung fir an d'Belsch. Se läit direkt südlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten.

D'Raschtplaz ass zanter datt se opgaangen ass (tëscht 1976 an 1982) dräimol vergréissert ginn[1].

D'Bensinnsstatioun gouf ursprénglech vun Texaco exploitéiert; zanter dem 1. Mee 2024 ass Aral deen neien Exploitant[2]. Op der Raschtplaz gëtt et Filiale vu Panos a vu Street Food Burger & Kebab.

Capellen-Süd

[änneren | Quelltext änneren]
"SuperChargy"-Borne fir E-Autoen

An der Richtung fir an d'Stad Lëtzebuerg läit d'Raschtplaz Capellen-Süd ((fr) Aire de Capellen-Sud) ronn ee Kilometer no der Opfaart Stengefort um KP 16,00.

D'Bensinnsstatioun gëtt vu BP exploitéiert[3]. Op der gréisster Tankstell bannent Europa vum Pëtrolsgrupp BP-Amoco si 564 Solarmodüllen um Daach installéiert[4].

Zu Capellen-Süd gëtt et eng Filial vun Dunkin' an eng vu Burger King.

Commons: Aire de Capellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)Genehmigt: Die Texaco-Tankstelle auf der «Aire de Capellen» wird bereits zum dritten Mal vergrößert. Niemand hat dagegen Einspruch erhoben.. Revue, null. Jg., nº 31, p. 12. (31.07.2002). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. (fr)Une nouvelle station dans votre réseau Aral Luxembourg !. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  3. (fr)Geo.me, BP CAPELLEN - PKW MP2 - BP. map.bp.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  4. (de)Sonnige Aussicht.. Revue, null. Jg., nº 18, p. 12. (04.05.2000). Gekuckt de(n) 08.08.2024.