Op den Inhalt sprangen

Coiffer

Vu Wikipedia
Eng Coiffeuse (hannen) mat enger Cliente

E Coiffer oder Coiffeur (fir de Mann) oder eng Coiffeuse (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi sech professionell mat der Fleeg an der Gestaltung vun Hoer beschäftegt. Si bitt verschidden Zerwisser un, dorënner d'Schneiden an d'Fierwe vun den Hoer, Permanenten, Hoerverlängerungen an d'Styléiere vu Frisure fir besonnesch Geleeënheeten. Si beréit d'Cliente beim Choix vun der Coupe an der Faarf, déi zum individuelle Stil, der Gesiichtsform an der Hoerstruktur vum Client passen.

Coiffeure schaffe meeschtens an engem Coifferssalon, deen entweder onofhängeg oder als Deel vun enger méi grousser Kette gefouert gëtt. E puer Coiffeure bidden hir Zerwisser och mobil un, andeems si bei de Client heem ginn, oder sech fir Evenementer wéi Hochzäiten deplacéieren.

D'Ausbildung zum Coiffer ass meescht eng dual Ausbildung, déi den theoreteschen Unterrecht an déi praktesch Aarbecht am Salon ëmfaasst. A ville Länner ass déi Ausbildung reglementéiert a Coiffeure mussen en Exame packen, fir an deem Beruff dierfen ze schaffen.

Nieft dem handwierkleche Geschéck erfuerdert de Beruff vum Coiffer och Kreativitéit, Kommunikatiounsfäegkeet an e Gespier fir Moud- a Schéinheetstrends. Coiffeure spillen eng wichteg Roll am Beräich vun der Kierperfleeg an dem perséinleche Stil.

Commons: Coifferen – Biller, Videoen oder Audiodateien