Iocaste (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 3 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.269.000 km |
Periapsis | 16.674.900 km |
Apoapsis | 25.863.100 km |
Exzentrizitéit | 0,216 |
Ëmlafzäit | 631,5 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,45 km/s |
Inklinatioun | 149,4° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 5 km |
Dicht | ~2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 21,8 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 23. November 2000 |
De Mound Iocaste (oder Jupiter XXIV) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Iocaste gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut ufanks d'Bezeechnung S/2000 J 3. E gouf spéider no der Iokaste, der Mamm vum Ödipus aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Iocaste kreest a 631 Deeg an 12 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 21.269.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,216. Mat enger Inklinatioun vun 149,4° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Iocaste zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Iocaste huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h. nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,8m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2001-A28: S/2000 J 2, S/2000 J 3, S/2000 J 4, S/2000 J 5, S/2000 J 6 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2001-W07: S/2000 J 3 16. November 2001 (Zeréckentdeckung)