Janet Leigh
Janet Leigh | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jeanette Helen Morrison |
Gebuer | 6. Juli 1927 |
Gestuerwen |
3. Oktober 2004 Beverly Hills |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of the Pacific |
Aktivitéit | Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Schrëftsteller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Tony Curtis |
Kanner | Kelly Curtis, Jamie Lee Curtis |
D'Janet Leigh, gebuer de 6. Juli 1927 als Jeanette Helen Morrison zu Merced a Kalifornien, a gestuerwen den 3. Oktober 2004 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet an 63 Kino- an Tëleesfilmer matgespillt.
D'Janet war eenzegt Kand vun engem Assurancenagent an Immobilienhändler. Si war véiermol bestuet: 1942 mam John Carlyle (annuléiert), mam Stanley Reames (1946-1948), 1951 mam Tony Curtis, vun deem se 1962 gescheet gouf; dann 1962 mam Robert Brandt bis zu hirem Doud. Si ass d'Mamm vun der Jamie Lee Curtis an der Kelly Curtis, zwou Filmschauspillerinnen.
Hir bekanntst Roll huet nëmme 45 Minutte gedauert, do war se schonn an der Dusch erstach: Dat war am Alfred Hitchcock sengem Psycho vun 1960. Si gouf nominéiert fir en Oscar a krut e Golden Globe. Duerno koum 1962 The Manchurian Candidate vum John Frankenheimer, e Film, deen nom Mord um President John Fitzgerald Kennedy direkt aus dem Verkéier gezu gouf, well d'Theema "Gehierwäsch" un US-amerikaneschen Zaldoten am Koreakrich, vill ze kriddeleg war.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Little Women (1949) vum Mervyn LeRoy mam June Allyson an Elizabeth Taylor
- The Red Danube (1949) vum George Sidney mam Walter Pidgeon a Peter Lawford
- Angels in the Outfield (1951) vum Clarence Brown mam Paul Douglas a Keenan Wynn
- Two Tickets to Broadway (1951) vum James V. Kern mam Tony Martin an Ann Miller
- Scaramouche (1952) vum George Sidney mam Stewart Granger a Mel Ferrer
- The Naked Spur (1953) vum Anthony Mann mam James Stewart a Robert Ryan
- Houdini (1953) vum George Marshalll mam Tony Curtis an Torin Thatcher
- Prince Valiant (1954) vum Henry Hathaway mam James Mason a Robert Wagner
- The Black Shield of Falworth (1954) vum Rudolph Maté mam Tony Curtis an David Farrar
- Safari (1956) vum Terence Young mam Victor Mature am Roland Culver
- Jet Pilot (1957) vum Josef von Sternberg mam John Wayne a Jay C. Flippen
- Touch of Evil (1958) vum Orson Welles mam Charlton Heston an Orson Welles
- The Vikings (1958) vum Richard Fleischer mam Kirk Douglas an Ernest Borgnine
- Psycho (1960) vum Alfred Hitchcock mam Anthony Perkins a Vera Miles
- The Manchurian Candidate (1962) vum John Frankenheimer mam Frank Sinatra a Laurence Harvey
- Bye Bye Birdie (1963) vum George Sidney mam Ann-Margret an Dick Van Dyke
- Wives and Lovers (1963) vum John Rich mam Van Johnson a Shelley Winters
- Harper (1966) vum Jack Smight mam Paul Newman, Lauren Bacall an Julie Harris
- Three on a Couch (1966) vum Jerry Lewis mam Jerry Lewis
- An American Dream (1966) vum Robert Gist mam Stuart Whitman an Eleanor Parker
- Ad ogni costo (1967) vum Giuliano Montaldo mam Klaus Kinski
- One Is a Lonely Number (1972) vum Mel Stuart mam Trish Van Devere a Melvyn Douglas
- The Fog (1980) vum John Carpenter mam Adrienne Barbeau a Jamie Lee Curtis
- Halloween H20: 20 Years Later (1998) vum Steve Miner mam Jamie Lee Curtis an Josh Hartnett
- Bad Girls from Valley High (1998) vum John T. Kretchmer mam Julie Benz
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Janet Leigh – Biller, Videoen oder Audiodateien |