Op den Inhalt sprangen

Quantechimie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Quantechimie ass ofgeleet vun der Quantephysik. Si behandelt nëmmen d'Elektronen an hir Orbitalen, d'Bindungen tëscht den Elektronen an den Afloss vun den Orbitalen.

D'Geschicht vun der Quantechimie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Quantechimie ass eng relativ jonk Wëssenschaft. Si gouf vum Max Planck, dem Albert Einstein an dem Niels Bohr am Ufank vum 20. Joerhonnert gegrënnt. Si hunn theoreetesch Erklärungen iwwer praktesch Experimenter vum Elektron geliwwert an domat eng nei Wëssenschaftsrichtung an d'Liewe geruff.

D'Bedeitung vun der Quantechimie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Chimie ass d'Wëssenschaft vun der Matière an hiren Transformatiounen. D'Struktur vun de Molekülle gëtt vun der Natur vun den Atomer, aus deene se bestinn, bestëmmt, souwéi vun den Typpe vu Bindungen, déi s'ënnerenee maachen. Donieft, eng Composante an een aneren ëmzeänneren heescht eng Bindung ze bilden, anerer ze schneiden an erëm anerer ëmzeänneren. Also baséiert all Chimie op Bindungen an domat ass et wichteg, déi genee Natur vun de Bindungen an domat den Elektronen ze kennen. D'Quantechimie gëtt sou wichteg fir Stereochimie ze berechnen, dat heescht, wéi Moleküllen am Raum ausgesinn. Si erkläert anengems, wéi vill Energie gebraucht gëtt fir Moleküllen ze maachen oder wéi vill Energie bei der Bildung vun neie Bindunge fräigesaat gëtt. Dat bedeit eng Ergänzung vum méi klassesche Betruechte vun der Thermodynamik, déi d'Quantechimie och berechne kann, fir ze wësse wéi eng Konditiounen ee muss hu fir bestëmmte Moleküllen ze bilden, z. B. hëtzen oder ofkillen.

Et ass awer och interessant, ee Saz vum E. Morin hei ze zitéieren, wat zum bessere Verständnes vun der Problematik bäidréit: "D'Wëssenschaft ass wéi ee Véierbeener, dee seng véier Patte gebraucht, den Empirismus, de Verstand, d'Virstellungskraft an d'Kontroll. Si liwwert sech net der Sécherheet aus, mä lokale Sécherheeten an engem Mier vun Onsécherheet."

Resonanz an d'Bindung

[änneren | Quelltext änneren]

Type vu Bindungen

[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemenge betruecht een 3 Typpe vu Bindunge, déi NET rigouréis getrennt sinn: d'elektrostatesch Bindungen, d'kovalent Bindungen a d'metallesch Bindungen.

Eng cheemesch Bindung ass follgender Moossen definéiert: Et besteet eng chemesch Bindung tëscht 2 Atomer oder Gruppe vun Atomer am Fall wou Kräften tëscht hinnen agéieren, déi zur Bildung vun engem Aggregat féieren, dee genuch Stabilitéit huet, fir datt de Cheemiker et ass als onofhängeg Moleküll ka betruechten. Dës Formuléierung ass komplizéiert, mä si muss och der Chimie Supramolekular Rechnung droen, déi wesentlech méi schwaach Bindungen huet wéi an dee klassesche Chimien, dës méi modern Chimie dréit wesentlech zu den Erkenntnesser am Zesummespill vun Enzymen a Substraten, mä och vu Viren, Bakteerien an aneren Zellen bäi.

Vun enger ionescher oder elektrostatescher Bindung schwätzt een, wann ee vun den zwee Partner jeeweils eng definéiert eegestänneg elektronesch Struktur zoudeele kann, wann hien a Presenz vum aneren ass. Beispill: NaCl: Na gëtt dann ëmmer Na+ an Cl ëmmer Cl-

Vun enger kovalenter Bindung schwätzt een, wa gläichwäerteg Partner an enger Bindung sinn.

Beispill: H-H oder CH4

Vun enger metallescher Bindung oder fraktioneller Bindung schwätzt een, wann Atomer an engem metalleschen Aggregat zesumme sinn, an deem d'Elektrone kënne fräi ronderëm wanderen.