Op den Inhalt sprangen

Spartoi

Vu Wikipedia

D'Spartoi (gr. déi Geséiten) sinn an der griichescher Mythologie déi Zaldote genannt ginn déi aus dem Buedem gewuess sinn nodeem de Kadmos Draachenzänn geséit hat. Si hu sech direkt bekricht, bis der nach just fënnef vun hinnen iwwereg bliwwe sinn: den Echion, den Udaios (och: Udeus), de Chthonios, den Hyperenor an de Pelor. Si hunn zesumme mam Kadmos Theben gegrënnt a waren d'Grënner vun de fënnef bedeitendste Famillje vun der Stad.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.