Trias
D'Period vum Trias ass déi eelst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 251 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 200 Millioune Joer gedauert.
Si steet am Zäitalter nom Perm aus dem Äerdaltertum a virum Jura a gëtt an dräi Epochen agedeelt: den ieweschten, de mëttelsen an den ënneschten, déi hirersäits och erëm ënnerdeelt sinn.
Ieweschten Trias | |
Rhaetian | (virun ongeféier 200 - 199,6 Millioune Joer) |
Norian | (virun ongeféier 216,5 - 205 Millioune Joer) |
Carnian | (virun ongeféier 228 - 216,5 Millioune Joer) |
Mëttelsen Trias | |
Ladinian | (virun ongeféier 237 - 228 Millioune Joer) |
Anisian | (virun ongeféier 245 - 237 Millioune Joer) |
Ënneschten Trias | |
Olenekian | (virun ongeféier 249,7 - 245 Millioune Joer) |
Induan | (virun ongeféier 251 - 249,7 Millioune Joer) |
Fauna a Flora
[änneren | Quelltext änneren]D'Mieressaurier hunn ugefaange sech z'entwéckelen an d'Ozeaner z'erueweren.
Gingko an Nolebeem hu sech ausgebreet an d'Dinosaurier sinn opgetrueden. Déi zwou gréisst Dino-Gruppe waren d'Echsebeckendinosaurier an d'Vullebeckedinosaurier.
D'Fluchsaurier sinn entstanen. Déi konnten aus eegener Kraaft fléien. Aus den echsenähnleche Reptiller hu sech d'Virfahre vun de Mamendéieren entwéckelt.
Dat véiert grousst Massestierwen huet vill Aarten ausstierwe gelooss.
Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit
[änneren | Quelltext änneren]- Fëschsaurier (Mixosaurus)
- Miersaurier (Nothosaurus)
- Urfräsch
- Plateosaurus
- Haifësch
- Nolebam (Voltzia)
Gestengs aus dem Trias zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Ënneschten Trias (fréier Buntsandsteen): Buntsandsteen an der Géigend ëm Ettelbréck a Feelen.
- Mëttelsen Trias (fréier Muschelkallek): Muschelkallek an der Muselgéigend.
- Ieweschten Trias (fréier Keuper): Leem a Mergel am Uelzechtdall vu Walfer un, der Atert, der Sir an den Dräieck Iechternach, Schengen, Conter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Triassic – Biller, Videoen oder Audiodateien |